
Wallifornia Raid 23/5
- Sonia Klein
- 5 days ago
- 1 min read
Leschte Weekend hunn 2 Teams den ARL erfollegraich an der Belge vertrueden; de Raoul mam Cedric an d‘Sonia mam Alvaro hunn dem schlechte Wieder getrotzt a gutt 12 Stonnen duerch d‘Ardennen navigéiert. Gréisstendeels a knapp 100km ass et mam MTB iwwer Bierg an Dall mat uerdentlech Héichtemeter gaang; teschenduerch ëmmer nees eng Laf-Orientéierungscourse a Special Stage Ofseelen a Biathlon! Eis Hären sinn etlech Checkpoints sichegaang an hu sech op eng fantastesch 5. Plaz am Gesamt gekämpft während eise Mix-Team an hirer Kategorie eng 2. Plaz sechermaache konnt.
No der Adventure Race ass vrun der Adventure Race - mir gi mat grousse Schrëtt op eis MAR 2025 duer! 💪🏻
Comentarios