
Club Events
Nächsten Event

E Samschden, de 19. September fënnt eis alljährlech Mëllerdall Adventure Race (MAR) nees statt: Dës Course ass eisen Haaptevent fir déi dir iech ab elo umelle kënnt.
Wat erwaard iech?
12 Stonnen Abenteuer pur an eiser wonnerschéiner Mëllerdall Regioun.
Wee ka matmaachen?
Jiddereen deen eng Memberskaart an eisem Club huet oder hëlt, kann un der Course deelhuelen, am Team zu 2 (m/m, m/w oder w/w). All Participant hëlt op eege Verantwortung deel, an dëst op fräiwëlleger Basis.
Opgepasst: d'Plaze si begrenzt, déi éischt si vir!
Wéi gesäit d'Course aus?
All 2er-Teams orientéieren sech mat Kompass a Kaart duerch d'Course fir Checkpoints ze fannen, deels um MTB, deels zu Fouss an awer och um Waasser. Ee "special stage" bleiwt als Iwwerraschung onugekënnegt bis den Dag selwer! Abenteuer, Natur pur an e gudde Pak Fun sinn op den 8 Etappen (Legs) sécher! Et kann ee bis zu 130km zréckleeen, mee genausou gutt kann een d'Etappen no eegener Loscht a Laun ofkierzen!
Wéini a wou?
De Start ass Samschdes moies um 8:00 Auer zu Befort bei der Jugendherberg. Owes um 20:00 Auer soll dann och déi lescht Ekipp nees op derselwechter Plaz ukkommen.
Umellen kann een sech hei ënnendrënner bis den 1. September bzw bis all d'Plazen voll sinn fir dass mir dat néidegt Kaartematerial organiséiere kennen.
Mir fréeën eis op eng abenteuerräich Course mat iech!
#enjoyeverystep
All Events 2026

Umellung Events 2026

19. Sep. 2026 08:00 – 20:00Beaufort, 55 Rte de Dillingen, 6315 Beaufort, Lëtzebuerg12 hours of fun in teams of 2 MTB, Run/Hike, SUP and 100% orienteering
