top of page
reimerkapp_edited_edited.jpg

Wëllkomm beim ARL

adventure-race.png

Wat ass Adventure Race ?

Et handelt sech em eng Course am Team, vun engem Kontrollpunkt bei dee nächsten, woubäi een de Wee selwer fanne muss an zwar mat Kaart a Kompass. De Parcours gëtt vun der Ekipp erausgewielt a muss op verschidden Aart a Weisen bewältegt ginn:

  • - mam MTB

  • - zu Fouss (lafen/wanderen)

  • - mam Kayak

  • - duerch klammen/ofseelen

  • ...

Tatsächlech weess een am viraus nie genau wat op een duerkënnt. Méi Informatiounen an international Coursen fënns du hei.

18004656190464524_edited.jpg

Wat ass ARL?

Den ARL ass e Sportsclub (A.s.b.l.) mat Haaptsëtz zu Beefort. Mir si gär an der Natur ënnerwee a profitéieren dovun eis an deene ville flotten an diversen Terrainen, déi Lëtzebuerg ze bidden huet, beweegen ze kënnen.

​

  • Mir trainéieren zesummen

  • Mir huelen zesummen u Coursen deel

  • Mir organiséieren Aktivitéiten

  • Mir offréieren eise Membere Couren

​

​

​

​

​

​

​

​

​

​

​

​

​

​

​

​​​Ganz egal ob al oder jonk, Mann oder Fra, grouss oder kleng, Profi- oder Hobbysportler, du bass bei eis wëllkomm! Eis Passioun ass fir jiddereen deen Abenteuer wëll erliewen an d'Natur gär sportlech wëll genéissen! Dofir: komm laanscht an huel un enger Sortie mat eis deel. Du fënns eise Joreskalenner mat alle geplangten Aktivitéiten hei.

17945476982018105_edited_edited.jpg
IARA.JPG

Den "Adventure Race Luxembourg" besteet zanter 2020 an ass den éischten an eenzegen Adventure Racing Club hei zu Lëtzebuerg.

Zanter 2025 si mir och bei der IARA als Club opgelëscht a vertrieden domat Lëtzebuerg international.

Wee si mir? Dat fannt dir hei eraus!

  • Instagram
  • Facebook
  • YouTube
bottom of page